Europa Aktuell
EU decidéiert nei Sanktioune géint den Iran
4 min
Am Iran geet de Regimm vun de Mullahen zanter Woche brutal géint Demonstrante vir. Dernieft werft d'Situatioun am Prisong Ewin, wou de Weekend e Feier ausgebrach war, vill Froen op. An deem Prisong si politesch Prisonéier inhaftéiert, dozou gehéieren och Leit, déi an der Lescht wärend de Protester festgeholl goufen.
D'EU muss reagéieren, esou d'Fuerderung gëschter virum Europäesche Kongresszentrum um Kierchbierg vun enger Partie Manifestanten, déi sech do versammelt haten. Dobannen hunn d'EU-Ausseministeren effektiv nei Sanktiounen op de Wee bruecht. D'Danièle Weber war fir eis op der Plaz.