Europa Aktuell
Den EU-Energie-Accord geet an déi nächst Ronn
4 min
Déi 27 Staats- a Regierungscheffen aus der EU si sech um EU-Sommet Enn leschter Woch eens ginn iwwer ee Pak vu Mesuren, déi sollen dozou bäidroen, datt éischtens genuch Gas an d'EU geliwwert gëtt an zweetens d'Präisser net weider klammen.
Et gouf laang gefaart, datt ee sech net eens kéint ginn - besonnesch iwwer ee méiglechen Deckel um Gaspräis si sech d'Länner net eens. Datt um Enn een Accord um Dësch louch, läit och dorun, datt dora fir jiddwereen eppes dran ass. Dës Woch geet et an déi nächst Ronn, et ass nämlech elo un den Energieministeren d'Detailer auszeschaffen.
D'Danièle Weber informéiert.