Europa Aktuell
EU wëllt zu Scharm-el Scheikh Virreiderin sinn
4 min
A punkto Klimaschutz wëllt d'Europäesch Unioun eng Virreiderin sinn. Déi Roll wëllt d'Unioun och op där nächster Klimakonferenz spillen. An zwou Woche fänkt zu Scharm el Scheikh an Ägypten déi 27. Klimakonferenz vun de Vereenten Natiounen un. D'Cop27 ass zu engem Moment, wou d'Welt an enger Energiekris stécht ... a wou verschidde Länner deelweis zu éischter klimafeindleche Léisungen tendéieren. Gëschter hunn d'Ëmweltministeren aus de 27 EU-Länner doriwwer diskutéiert, mat wéi engen Ambitiounen d'EU op där nächster Klimakonferenz optriede wäert. D'Danièle Weber huet d'Reunioun um Kierchbierg suivéiert.