Europa Aktuell
D'Rechter vun transgender Persounen an der EU
4 min
Bis viru véier Joer hunn zu Lëtzebuerg Persounen, déi d'Geschlecht, dat op hirer Carte d'identité agedroen ass, ännere wollten, eng Attestatioun vun engem Psychiater an iwwer medezinesch Traitementer gebraucht. De Staat huet hir Identitéit souzesoen als Krankheet ugesinn. Zanter 2018 muss een an esou engem Fall keng Dokumenter méi virleeën. Dat ass awer nach laang net iwwerall an der EU de Fall. Déi lescht Woch hunn Deputéiert an Experten de Point am Europaparlament iwwer d'Situatioun gemaach. D'Agathe Cherki huet d'Auditioun suivéiert.