Europa Aktuell
Marc Angel a Jean Asselborn si sech net eens
4 min
An der Konferenz iwwer Zukunft vun Europa hunn iwwer 800 zoufälleg erausgesichten Europäer:innen aus de 27 EU-Länner bal zwee Joer laang doriwwer diskutéiert, wat hirer Meenung no an der EU soll verbessert ginn. Um Enn louchen eng ganz Partie konkret Proposen um Dësch.
Fir verschiddener dovun ëmzesetzen, missten déi Europäesch Traitéen geännert ginn. D'Europaparlament ass dofir, dee Prozess ze lancéieren. Déi Lëtzebuerger Regierung awer huet sech dës Woch dogéint ausgeschwat. D'Danièle Weber mat Reaktiounen dorop.