Haut geet et mam Claudine Muno ëm de Bruce Springsteen dee viru kuerzem 15 Soulklassiker op seng nei Scheif "Only The Strong Survive" gepaakt huet. De Marc Clement schwätzt mat der lëtzebuergescher Band Tuys iwwer nei Musek am Kader vun hirer rezenter Release "Reality Management LTD". De Jean Portante ass am Moment a Latäinamerika an deelt eis, wéi all Mëttwoch, d'Wuert vun der Woch mat. An d'Valerija Berdi ënnerhält sech mam Carlo Kieffer iwwer den ATD Quart Monde a besonnesch iwwer d'Theaterstéck "J'existe" dat e Samschdeg zu Diddeleng opgefouert gëtt.
arrow_back_ios
Kultur um 5
Kultur um 5
headphones
56 min
Lauschteren
play_arrow