arrow_back_ios
Europa Aktuell
100komma7.lu
/ Europa Aktuell
/ "Solo si es si": Ee spuenescht Gesetz géint sexuell Gewalt suergt fir Polemik
"Solo si es si": Ee spuenescht Gesetz géint sexuell Gewalt suergt fir Polemik
"Solo si es si" also "Nëmme Jo ass Jo" - sou gëtt a Spuenien een neit Gesetz géint sexuell Gewalt genannt - e Gesetz, dat an der Tëschenzäit fir Polemik gesuergt huet. D'Gesetz huet nämlech eng onerwënschten Niewewierkung: Eng gewëss Liesaart vum Text mécht et méiglech, datt Persounen, déi wéinst sexueller Aggressioun verurteelt goufen, méi fréi ewéi geplangt aus dem Prisong erauskommen. Dat provozéiert Roserei bei Feministinnen - awer net nëmmen.