arrow_back_ios
Europa Aktuell
EU-Kommissioun wëll EU-Sue fir Ungarn op Äis leeën
D'Europäesch Kommissioun proposéiert, EU-Fongen fir Ungarn an Héicht vun iwwer 13 Milliarden Euro op Äis ze leeën. D'Land hätt versprache Reformen net ëmgesat, sou gëschter déi zoustänneg EU-Kommissären.
Et ass déi éischte Kéier, datt Bréissel vun deem neie Mechanismus Gebrauch mécht, deen dofir suerge soll, datt Suen aus dem europäesche Budget net mëssbraucht ginn. Et geet och ëm de Corona-Hëllefs-Fong aus dem EU-Dëppen, op deen Ungarn bis elo waart.