Europa Aktuell
EU-Liwwerketten-Direktive: Mat oder ouni Finanzservicer?
Et ass eppes woufir sech eng ganz Partie ONG'en zanter Joren asetzen: een europäescht Gesetz, wat dofir suergt, datt Hiersteller drop oppasse mussen, datt Mënscherechter oder Ëmwelt-Standarde bei de Produiten, déi verschafft ginn, musse respektéiert ginn.
Déi sou genannte Liwwerketten-Direktive soll genee dofir suergen - an zwar an der ganzer EU.
Lëtzebuerg ass dofir, allerdéngs sollt der blo-rout-grénger Regierung no net dee ganze Finanzsecteur ënnert dat Gesetz falen. Genee an där Fro ware sech d'Memberlänner bis elo net eens - si hunn sech gëscht op ee Kompromëss gëeenegt.