arrow_back_ios
Europa Aktuell
Déi onbequem Positioun vun der EU vis-à-vis vu China an den USA
Mam Emmanuel Macron an dem Charles Michel waren dës Woch direkt zwee Europäer ënnerwee fir méi zolidd Relatiounen opzebauen - mat China an den USA. An dat ass keen einfachen Exercice. D'EU ass geschwächt an ugewisen op loyal Partner a gutt wirtschaftlech Relatiounen. Mee souwuel China wéi och d'USA schaffen haaptsächlech an hirem eegenen Interêt, där Meenung ass de Sandro Calderon haut a senger Europachronik.