Europa Aktuell
Kritik vun der EU-Kommissioun un d'Lëtzebuerger Regierung
Iwwerall an der EU goufe Mesurë geholl, fir d'Hausse vun den Energiepräisser an déi allgemeng Inflatioun opzefänken. Esou Mesurë wieren néideg, fir deene Stéit an Entreprisen ze hëllefen, déi am meeschten dorënner leiden, seet dozou d'Europäesch Kommissioun, déi déi national Budgete vun de Memberlänner reegelméisseg kommentéiert.
Allerdéngs sollten déi Mesurë cibléiert sinn, am anere Fall kéinte si kontraproduktiv sinn, esou de Message vu Bréissel, deen d'Kommissioun och esou un d'Lëtzebuerger Regierung geriicht huet.
D'Danièle Weber huet doriwwer mat der Finanzministerin Yuriko Backes geschwat.