Europa Aktuell
Méi streng géint Ëmwelt-Verbrieche virgoen
Moteure mat truquéierten Ofgas-Anlagen verkafen, gëfteg Offäll vergruewen, illegal Thon fëschen - an der EU ass wéi iwwerall d'Lëscht vun den Ëmwelt-Verbrieche laang. D'EU wëllt dogéint virgoen. Déi lescht Woch goufe sech d'Memberlänner iwwer hir Positioun zu deem Sujet eens. D'Diskussiounen hu gewisen, datt d'Meenungen zum Beispill iwwer méiglech Sanktiounen deels wäit auseneeleien. D'Justiz ass ee Gebitt, dat d'Länner traditionell als hir "Chasse gardée" ugesinn, a wou se der EU net allze gäre Kompetenzen iwwerdroen. Explikatioune vum Agathe Cherki