arrow_back_ios
Europa Aktuell
Euroaparlament: Éischt Reaktiounen op Korruptiounsskandal
Nach ass et net offiziell, mee de Katar steet ënner Verdacht, duerch Geldgeschenker probéiert ze hunn, politesch Decisiounen ze beaflossen. D'Enquêtë lafen, an d'Parlament ass prett, weider ze hëllefen, fir datt déi Fäll opgekläert ginn, sot gëschter d'Presidentin Roberta Metsola. Als éischt Konsequenzen huet si eng intern Enquête annoncéiert an och eng Prozedur, déi dofir suerge soll, datt d'Eva Kaili hire Posten vun der Vizepresidentin verléiert. Detailer vum Danièle Weber