Europa Aktuell
Europaparlament probéiert Schierbelen zesummenzekieren
Am Europaparlament gëtt probéiert, d'Schierbelen zesummenzekieren. D'Enquête géint déi fréier Vizepresidentin Eva Kaili an dräi aner Persoune leeft. Si selwer sot gëschter iwwer hiren Affekot, si hätt näischt mat Geldflëss aus dem Katar ze dinn. Am Raum steet jo, datt ee Golfstaat, méiglecherweis de Katar, Sue bezuelt huet, fir kënnen Afloss op politesch Decisiounen ze huelen.
Obschonn bis elo d'Présomption d'Innocence gëllt, huet d'Eva Kaili gëschter hire Posten als Vizepresidentin verluer. D'Danièle Weber iwwer den Dag gëschter am Europaparlament