arrow_back_ios
Europa Aktuell
Weider Hausse vun Zënsen an den nächste Méint
D'Zënse wäerte weider klammen, an dat nach eng Zäit laang. Dat war de Message gëschter vun der Europäescher Zentralbank. Fir d'Inflatioun ze bremsen, huet d'EZB eng weider Hausse vun de Leetzënsen, vu 0,5 Prozentpunkten, decidéiert. De Pierre Reyland huet doriwwer mam Gaston Reinesch, President vun der Lëtzebuerger Zentralbank, geschwat.