Europa Aktuell
Europa ënner Afloss
De sougenannte Katargate huet dës Woch vill Leit zu a ronderëm Bréissel schockéiert. Mee datt d'Europäesch Unioun vu bestëmmte Kräften an Acteure beaflosst gëtt, ass net wierklech nei. D'Affär ronderëm d'Vizepresidentin vum Europaparlament Eva Kaili géif awer den europäesche Bierger nach méi un d'Zweiwele bréngen, wat d'Onofhängegkeet vun deenen ugeet, déi si gewielt hunn, fir si zu Bréissel a Stroossbuerg ze vertrieden. Där Meenung ass den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF haut a senger Europachronik.