arrow_back_ios
Europa Aktuell
Frankräich: Restos du Coeur ënner Drock
Obwuel Frankräich deen niddregsten Inflatiounstaux an der Eurozon huet, ginn och am Hexagon d'Präisser staark an d'Luucht - besonnesch bei de Liewensmëttel. Dat trëfft virun allem déi, déi um Existenzminimum liewen an och déi, déi hinnen hëllefen - wéi zum Beispill d'karitativ Associatioun Les Restaurants du Coeur. Eise Paräisser Korrespondent Max Tholl huet op der Plaz mat de Concernéierte geschwat.