Europa Aktuell
De Plaffong um Gaspräis ass decidéiert
"Mir wäerten esou vill Reuniounen aberuffen, wéi néideg sinn" - stoung gëschter um wäisse Sweatshirt, deen den tschecheschen Energieminister Joszef Sikela amplaz vum Paltong ugedoen hat, fir virun d'Press ze trieden. Dee Saz hat hie markéiert, den Tschech hat déi lescht sechs Méint déi schwiereg Verhandlungen iwwer méiglech Mesurë géint déi héich Energiepräisser am Numm vun der EU-Presidence geféiert.
Well sech d'EU-Memberlänner guer net eens waren an där Fro, ware vill Reuniounen néideg, éier een Accord um Dësch louch. Gëschter war et esou wäit.
Allerdéngs ass deen Accord ee komplizéierten, deen d'Danièle Weber erkläert.