Europa Aktuell
Kiruna: Kontrast-Stad mat Zukunftspotential
4 min
Déi gréisste Minn, déi ënner europäeschem Buedem exploitéiert gëtt, läit ënner der schweedescher Stad Kiruna, ganz uewen am Norden, 150 km nërdlech vum Polarkrees.
Zanter 130 Joer gëtt hei Eisenäerz aus dem Buedem gezunn. Haut sinn et all Dag 75.000 Tonnen, méi wéi sechs Mol esou vill wéi gebraucht gëtt fir een Eiffeltuerm ze bauen. D'Exploitatioun blouf net ouni Suitten. Deeler vun der Stad riskéieren an de Koup ze falen, ganz Quartiere mussen dowéinst geplënnert ginn.
D'Danièle Weber hëlt eis mat an d'Minn zu Kiruna, wou de leschten Donneschdeg eng grouss Annonce gemaach gouf.