arrow_back_ios

Dagdeeglech

100komma7.lu / Dagdeeglech

/ De veganen Tipp mam Marie: Champignons-Risotto

De veganen Tipp mam Marie: Champignons-Risotto

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

3 min

Dauer: Virbereedung 10 Minutten a Kache 40 Minutten


Mir brauchen:



2 Zoppeläffel Olivenueleg

1 Zwiwwel

3 Knuewelek-Zéiwen

Ronn 450 g Champignone

250 g Risotto-Räis

Ronn 1 l Geméis-Bouillon

Eventuell vegane Kéis oder Hiefflacken

Salz a Peffer

Eventuell frëschen Thymian, Péiterséileg oder Rucola-Zalot



Virbereedung:



D'Zwiwwel, d'Knuewelek an d'Champignonen a Stécker schneiden

Den Olivenueleg an engem groussen Deppen opwiermen

D'geschnidden Zwiwwel a Knuewelek-Zéiwen fir e puer Minutten an der Pan broden

D'Champignonen a Stécker dobäi ginn a fir e puer Minutten broden

De Räis dobäi ginn a fir e puer Minutten broden, dauernd de Räis weider réieren

Ronn 200g Geméis-Bouillon dobäi ginn, a fir ronn 10 Minutte kache loossen

Dann de Rescht Geméis-Bouillon lues a lues dobäi ginn, an dotëscht ëmmer erëm gutt verréieren

Wann de Risotto-Räis gutt mell ass, de Rescht vum Bouillon net weider benotzen, de Gas erofdréien an de vegane Kéis oder d'Hiefflacken dobäi mëschen

Eventuell Salz a Peffer dobäi ginn

Eventuell e bësse wäisse Wäi beim Kachen dobäi mëschen


Episoden

Virun 8 Joer stierft de Carlo Sunnen

headphones

2 min

play_arrow

Den Doud vum Che Guevara

Den 9.Oktober 1967 ass de weltbekannten Revolutionär Che Guevara gestuerwen.
headphones

5 min

play_arrow

Virun 42 Joer ass den Emile Klensch gestuerwen

headphones

2 min

play_arrow

Den éischte Peanut Comic kennt eraus

Den 2. Oktober 1950 konnt ee fir déi alleréischte Kéier eng Geschicht ronderëm de Charlie Brown, Snoopy a Co. liesen.
headphones

5 min

play_arrow

Viru 89 Joer gouf de Fluchhafe vun Esch-Uelzecht ageweit

den éischte Fluchhafen zu Lëtzebuerg
headphones

3 min

play_arrow

Den Traité vu York

De 25. September 1237 ënnerschreiwen England a Schottland eVertrag deen d’Grenz, wéi mer se haut kennen tëscht de Länner festleet.
headphones

4 min

play_arrow

Viru 45 Joer gouf d'Groussgaass an der Stad eng Foussgängerzon

headphones

2 min

play_arrow

Den Dout vun enger Rocklegend

Den 18. September 1970, mat nëmme 17 Joer ass den amerikanesche Museker Jimi Hendrix gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow

Virun 132 Joer koum den Hubert Clement op d'Welt

Lëtzebuerger Journalist a Politiker
headphones

2 min

play_arrow

Viru 7 Joer stierft de Jochen Pützenbacher

Däitsche Radio- an Tëlee-Moderator
headphones

2 min

play_arrow

Viru 36 Joer ass de Robert Krieps gestuerwen

Politesch engagéiert an der LSAP gouf hien als Deputéierten an d‘Chamber gewielt a war wärend senger Karriär Minister fir Bildung, Justiz, Kultur an Ëmwelt.
headphones

2 min

play_arrow

Viru 26 Joer ass eng Concorde verongléckt

headphones

3 min

play_arrow

Virun 152 Joer koum den Emile Mark op d'Welt

Véidokter a Politiker
headphones

2 min

play_arrow

10. Doudesdag vum René Clesse

Lëtzebuerger Journalist, Schrëftsteller a Publizist
headphones

2 min

play_arrow

Finall vun der Fraefussball-Weltmeeschterschaft 99

1999 huet déi US-amerikanesch Fussball-Nationalekipp fir déi zweete Kéier de Weltmeeschter-Titel gewonnen.
headphones

4 min

play_arrow

Viru 95 Joer koum de Jean Dondelinger op d'Welt

Lëtzebuerger Diplomat a Politiker
headphones

2 min

play_arrow

De Carl Benz weist fir eng éischte Kéier säi Gefier

Den 3. Juli 1886 fiert de Carl Benz fir eng éischte Kéier ëffentlech mat sengem Gefier, de Virgänger vum Auto.
headphones

4 min

play_arrow

Virun 79 Joer war den Tour de France eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg

Déi gréisste Vëloscourse op der Welt. Et war dat Joer deen éischten Tour nom Zweete Weltkrich.
headphones

7 min

play_arrow

De leschte Concert vum Elvis Presley

De 26. Juni 1977 spillt de King of Rock’n’Roll säi leschte Concert zu Indianapolis.
headphones

4 min

play_arrow

Virun 63 Joer gouf de Grondstee geluecht fir d'Rout Bréck

Si verbënnt de Lampertsbierg mam Kierchbierg. Dës Verbindung war, an ass, ganz wichteg fir den Accès zu dësem Staddeel.
headphones

3 min

play_arrow