Europa Aktuell
60 Joer Traité de l'Elysée: Tensiounen am Tandem
4 min
E Sonndeg feieren Däitschland a Frankräich de 60. Anniversaire vum Traité de l'Elysée. Dee Vertrag ass den 22. Januar 1963 vum deemolege Bundeskanzler Konrad Adenauer an dem franséische Präsident Charles de Gaulle ënnerschriwwe ginn an huet festgehal, datt béid Länner sech an Zukunft an alle wichtege politesche Froe consultéieren. Um Rendezvous-vous e Sonndeg wäert elo een däitsch-franséische Ministersommet nogeholl ginn, deen am Oktober ausgefall war. De Grond dofir ware Meenungsverschiddenheeten tëschent Berlin a Paräis, déi elo gekläert solle gi fir ze probéieren dëser joerzéngtelaanger Frëndschaft en neien Elan ze ginn. Vu Paräis eise Korrespondent Max Tholl