Europa Aktuell
Nei EU-Reegelen fir Déierentransporter: Aacht Stonne maximum?
4 min
An der EU gëtt iwwer nei Reegelen fir Déierentransporter diskutéiert.
E Méindeg hunn d'Agrarministeren aus de 27 EU-Länner de Point gemaach. Eens schéngt ee sech doriwwer ze sinn, datt d'Déierewuel soll grouss geschriwwe ginn. Trotzdeem bremsen elo eng Partie Länner a warne virdrun, ze streng Reegelen anzeféieren - mam Argument d'Bauere kéinten dorënner leiden.
D'Lëtzebuerger Regierung ass do anerer Meenung a setzt sech zesumme mat aneren fir kloer Limitten an. D'Danièle Weber iwwer deen Debat, an deem dat lescht Wuert nach net geschwat ass.