An der Europäescher Unioun fille sech den Ament eng Partie vun de Ministeren, déi fir d'Landwirtschaft zoustänneg sinn, a verschiddenen Dossieren iwwergaangen. Obwuel d'Baueren dacks direkt betraff sinn, géifen iwwer de Kapp vun den Agrarministeren ewech Decisioune geholl ginn, heescht et an engem Bréif, deen och vum Lëtzebuerger Agrarminister ënnerschriwwe gouf. Seng Regierungskolleegin Joelle Welfring deelt déi Bedenken net.
Vu Bréissel d'Danièle Weber