Europa Aktuell
Portugal: Poopst-Altor suergt fir Diskussiounen
4 min
Vum éischte bis de sechsten August empfänkt Lissabon net nëmmen Zéngdausende vu Jugendleche fir d'Journées mondiales de la jeunesse - mee och de Poopst Franziskus gëtt do erwaart. Et ass ee wichtegt Evenement fir dat gréisstendeels kathoulescht Land am Süde vun Europa.
D'Preparatioune lafe schonn op Héichtouren. Am Oste vun der Haaptstad gëtt ee grousse Park opgebaut, wou och de Poopst eng Mass hale soll. Ee grousse Chantier, mat héijen Investissementer - an et ass besonnesch den Altor, deen eleng sechs Milliounen Euro kaschte soll, dee fir Opreegung suergt.
Eis Korrespondentin Marie-Line Darcy iwwer déi animéiert Diskussiounen doriwwer