arrow_back_ios
Europa Aktuell
"EU muss russesch Flüchtlingen ophuelen"
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Zanter dem Ufank vum russesche Krich an der Ukrain si méi wéi annerhallef Millioun Leit aus Russland geflücht. An der Europäescher Unioun gi si net iwwerall mat oppenen Äerm opgeholl. D'Länner hunn dozou eng ënnerschiddlech Haltung.
D'EU sollt déi ënnerstëtzen, déi net fir de Wladimir Putin an de Krich zéie wëllen, esou den Appell vu Representante vun der russescher Oppositioun am Europaparlament. D'Danièle Weber huet déi Diskussioun zu Bréissel suivéiert.