Europa Aktuell
Migratioun: Ee Sträitpunkt um EU-Sommet
4 min
An der Europäescher Unioun gëtt erëm iwwer d'Migratioun gestridden. Et ass ee vun de Sujeten haut (9.2.) um EU-Sommet zu Bréissel. Eng fundamental Reform vun der Europäescher Asylpolitik ass zanter Jore geplangt. D'Meenungen doriwwer ginn awer wäit auserneen, dofir ginn Decisiounen doriwwer ëmmer nees verluecht.
Amplaz dovu gëtt vill iwwer dee klengste gemeinsame Nenner diskutéiert. Dee léisst sech esou resuméieren: Wéi kënnen d'Baussegrenze vun der EU méi effikass protegéiert ginn?
D'Danièle Weber iwwer dat, wat haut op der Reunioun vun de Staats- a Regierungscheffen ze erwaarden ass.