arrow_back_ios
Europa Aktuell
Definitiven Aus fir Verbrenner bei Autoen
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Vun 2035 un dierfen an der Europäescher Unioun keng Autoe méi mat engem Verbrenner-Moteur verkaf ginn. Gëschter huet d'Majoritéit vum Europa-Parlament definitiv gréng Luucht dofir ginn.
Geet et der Europäescher Kommissioun no gëllt dee nämmlechte Verbuet vum Verbrenner-Moteur awer net fir Camionen a Busser. D'Kommissioun huet gëschter nei Grenzwäerter fir schwéier Gefierer proposéiert an ass do manner streng virgaangen.
D'Danièle Weber huet déi Debaten zu Strossbuerg am Europaparlament suivéiert.