Europa Aktuell
Europaparlament: Éischten Äifer fir Reforme schéngt gebrach
4 min
Wéi eng Léiere ginn am Europaparlament aus deem grousse Korruptiounsskandal gezunn? Déi Fro beschäftegt d'Europadeputéiert zanter Dezember zejoert, nodeems souwuel Deputéiert wéi och parlamentaresch Assistenten an de Verdacht gerode ware Sue kasséiert ze hunn, fir am Géigenzuch verschiddene Länner Servicer offréiert ze hunn.
D'Parlament wäert séier dorop reagéieren, fir d'Vertraue vun de Leit zeréckzegewannen, hat d'Presidentin Roberta Metsola versprach. Si huet elo ee Pak vu Mesurë proposéiert. Déi allerdéngs gi villen net wäit genuch. Aus dem Europaparlament mellt sech d'Danièle Weber.