Europa Aktuell
Humanitär Hëllef aus Lëtzebuerg an der Tierkei
5 min
Iwwer zwou Wochen ass et hier, datt an der Tierkei an a Syrien de Buedem staark geziddert huet. Zanterhier koum scho vill international Hëllef am Katastrophegebitt un. Och dräi Lëtzebuerger sinn den Ament op der Plaz an hëllefen an de Beräicher IT, Logistik, a Management vun den Zeltlageren. Dat haaptsächlech an der Tierkei - well do de materielle Schued, deen duerch d'Äerdbiewen entstanen ass, méi grouss ass. Finanziell gesinn ass awer Syrie méi op international Hëllef ugewisen, well déi betraffe Regioun net op vill Ënnerstëtzung vun der syrescher Regierung selwer kann zielen. Dobäi kennt, datt net vill materiell Hëllef a Syrien ukomme kann, well den Accès nach ëmmer enorm schwiereg ass, esou nach de Max Lamesch vum Kooperatiounsministère.
D'Sophie Schroeder mat engem Iwwerbléck