Europa Aktuell
Eng 2500 Fäll vun Niewewierkungen no Covid-Impfung
4 min
D'Fäll vun Niewewierkungen no Covid-Impfunge maachen zu Lëtzebuerg manner wéi 0,2 Prozent vun all den Impfungen aus. Dat geet aus dem neiste Rapport vun der Pharmacovigilance zu Lëtzebuerg ervir. Bei dräi Véierel vun de Ronn 2500 Fäll geet vun harmlosen Niewewierkungen ewéi Kappwéi oder Féiwer rieds, bei engem Véierel vu graven Niewewierkungen. Déi Donnéeë gi bei der europäescher Datebank Eurovigilance deklaréiert. Wéi ginn déi Donnéeën ermëttelt a wat geschitt domat? Mir hu bei der Pharmacovigilance am Gesondheetsministère nogefrot.