arrow_back_ios
Europa Aktuell
Verbrenner-Aus: Een Accord dee vläicht politesch deier gëtt
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
No wochelaangem Hin an Hir huet déi Europäesch Unioun gëscht ee Gesetz gutt geheescht, iwwer dat een sech eigentlech schonn am Hierscht zejoert eens gi war: Rieds geet iwwer nei Grenzwäerter fir d'Emissioune vun Autoen. Dat neit Gesetz schreift vir, datt an der EU vun 2035 un just nach Autoen dierfen zougelooss ginn, déi guer keng CO2-Emissiounen an d'Loft blosen. Däitschland hat op emol Nee gesot - an huet schliisslech och erreecht, datt Exceptioune gemaach solle ginn.