Europa Aktuell
Aus fir Verbrenner an der EU kéint haut decidéiert ginn
4 min
Haut kéint de Sträit tëscht Däitschland a Bréissel iwwer d'Enn vum Verbrenner-Motor op mannst emol virleefeg bäigeluecht ginn. Et geet ëm déi nei Reegelen, déi virgesinn, datt vun 2035 just nach nei Autoen an der EU méi dierfe verkaf ginn, déi keen CO2 an d'Loft blosen. D'Energieministere kommen zu Bréissel zesummen, si sollen doriwwer ofstëmmen. An et gëtt erwaart, datt eng Majoritéit dofir stëmmt. Wéi et dono virugeet ass awer nach onkloer, d'Diskussiounen dierften nach net eriwwer sinn.