Europa Aktuell
Erneierbar Energien: Klng Victoire fir den Anti-Atom-Camp
4 min
An der Europäescher Unioun musse bis 2030 op mannst 42,5 Prozent vun der Energie aus erneierbaren Energiequelle kommen. Dat gouf gëscht decidéiert, an dat ass däitlech méi ewéi bis elo geplangt war.
Erneierbar Energie - dat ass normalerweis Energie aus Wand- Sonnen- oder Waasserkraaft.
Frankräich huet sech an de leschte Wochen awer dofir agesat, datt och d'Atomenergie bei deenen neien Ziler mat ugerechent dierf ginn - wat deels fir hefteg Diskussioune gesuergt huet. Paräis huet sech um Enn net duerchgesat - den Debat awer weist, wéi gespléckt d'EU beim Thema Atomkraaft ass.