Europa Aktuell
Anti-Folter-Comité: Pushbacks op de Grenze mussen ophalen
4 min
Vun engem Push-Back schwätzt een, wann eng Persoun op enger Grenz ofgewisen an zeréckgeschéckt gëtt, ouni d'Méiglechkeet ze kréien, eng Demande d'Asile ze maachen. Esou Push-Backs sinn an der EU illegal, si verstousse souwuel géint EU-Recht wéi géint d'Genfer Flüchtlingskonventioun.
Trotzdeem gehéiere se an der Tëschenzäit zum europäeschen Alldag, dat weist een neie Rapport vun der Kommissioun géint Folter vum Conseil de l'Europe. D'Europäesch Kommissioun awer huet bis elo net decidéiert anzegräifen. D'Danièle Weber informéiert.