Europa Aktuell
EU-China: eng ambivalent Relatioun
5 min
D'Cheffin vun der Europäescher Kommissioun ass haut a China. D'Ursula von der Leyen gouf vum franséische President invitéiert hien op engem Deel vu senger Staatsvisitt ze begleeden.
Haut (6.4.) steet eng Entrevue mam chineesesche President Xi Jinping um Programm.
De Krich an der Ukrain an déi chineesesch Haltung dozou ass sécher ee vun de Sujeten, déi ugeschwat ginn. Fir de Rescht wäert d'Erausfuerderung wuel dora bestoen, déi europäesch Interêten zu Bejing méiglechst op een Nenner ze bréngen.
Vu Bréissel informéiert d'Danièle Weber.