Kultur um 5
Kultur um 5
56 min
Haut koum d'Nouvelle, datt de Servais Präis 2023 un de Jérôme Quiqueret geet. Den Tageblatt-Journalist a Buchauteur gëtt belount fir seng op reelle Fakte baséiert Erzielung "Tout devait disparaître". Am Buch setzt de Quiqueret d'Enquête ëm en Duebelmord op der Escher Grenz an hiren historeschen a soziale Kontext vum Ufank vum 20. Joerhonnert. Mir schwätzen iwwer dës Decisioun.
De Lëtzebuerger Museker Chris Reitz ass am Studio. De Samschdeg bréngt hie mat sengem Projet All Reitz Reserved am ale Stadhaus zu Déifferdeng nei Musek eraus, déi op Island entstanen ass.