Europa Aktuell
Pharma-Pak EU-Kommissioun: Am Déngscht vun der Industrie?
4 min
Eidel Etagèren an den Apdikten - a villen europäesche Länner gëtt et den Ament eng Penurie vu Medikamenter. Wat kann d'Europäesch Unioun dogéint ënnerhuelen?
D'EU-Kommissioun wëllt haut Proposen op den Dësch leeën. Dee sougenannte Pharma-Pak hätt scho sollen viru Méint presentéiert ginn an huet schonn am Virfeld fir vill Diskussioune gesuergt. Ënner anerem Propose fir der Pharma-Industrie d'Entwécklung vun neien Antibiotiquë méi attraktiv ze maache sinn ëmstridden.
D'Danièle Weber iwwer dat, wat haut ze erwaarden ass.