Europa Aktuell
Lëtzebuerg iwwertrëfft déi europäesch Ziler fir Gas ze spueren
3 min
Iwwer d'Wanterméint 15 Prozent Gas ze spueren - dat war d'Zil, dat sech déi 27 EU-Länner an hirem Gas-Noutfallplang ginn hunn. Dat huet geklappt. An der ganzer EU gouf esou guer liicht méi Gas gespuert. Et goufen nämlech 18 Prozent manner Gas consomméiert. Lëtzebuerg läit e gutt Stéck iwwer där Moyenne: Tëschent August zejoert a Mäerz dëst Joer goufen hei am Land 26 Prozent manner Gas verbraucht wéi dat Joer virdrun. Den Energieminister Claude Turmes zitt deemno ee positive Bilan vun der éischter nationaler Energie-Spuercampagne.
D'Marlène Clement informéiert.