Europa Aktuell
D'Ukrain dierf weider Kären an d'EU exportéieren ...
4 min
Zanter engem Joer dierfe Baueren aus der Ukrain hir Kären an d'Europäesch Unioun exportéieren, ouni dorop Douanes-Taxen ze bezuelen. Dat Ofkommes gouf elo ëm ee Joer verlängert. Fënnef EU-Länner aus dem Osten hu sech allerdéngs laang dogéint gewiert. Déi deels vill méi bëlleg Konkurrenz aus der Ukrain huet hir Baueren a Schwieregkeete bruecht.
Enn leschter Woch gouf eng Léisung fonnt - bei där d'EU an d'Täsch gräift - op dat allerdéngs duergeet, ass nach net sécher. D'Danièle Weber mat den Detailer