arrow_back_ios
Europa Aktuell
EU-Parlament fuerdert méi kloer Positioune vun Däitschland
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Nom Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel leschte Mount war et gëschter um Europadag um däitsche Bundeskanzler seng Visiounen iwwer d'Zukunft vun der EU virum Europaparlament ze presentéieren.
Trotz där op deem speziellen Dag éischter pro-europäesch opgeluedener Ambiance ass am Stroossbuerger Hémicycle keng Begeeschterung fir d'Iddie vum Olaf Scholz ausgebrach. Kritik gouf et virun allem vun däitscher Säit - och vu Regierungsparteien.
D'Danièle Weber huet deen Debat gëschter zu Stroossbuerg suivéiert.