Europa Aktuell
Bréifkëschten-Entreprisen: EU-Direktiv ass nach net zeideg
5 min
D'Europäesch Kommissioun huet wëlles, géint déi sougenannt Bréifkëschten-Entreprisë virzegoen. D'Direktiv, déi am Dezember 2021 proposéiert gouf, soll verhënneren, datt esou Firmen hir Struktur dofir mëssbrauchen fir manner Steieren ze bezuelen.
Gëschter hätten d'EU-Finanzministere sollen doriwwer diskutéieren, dat awer gouf ausgesat, well d'Meenungen ënner de Memberlänner nach ëmmer zimmlech wäit auserneeginn.
Een Accord schéngt net en Vue. Lëtzebuerg gëtt vu verschiddene Säite reprochéiert, et géif sech aktiv fir manner streng Reegelen asetzen. D'Direktiv géing ze wäit, confirméiert d'Finanzministerin. D'Danièle Weber iwwer dee leschte Stand an deem Debat.