Europa Aktuell
EU-Ecodesign-Reegelen: Verbuet nei Kleeder ze zerstéieren
4 min
Kleeder oder Schong, déi net verkaf goufen, dierfen an Zukunft an der Europäescher Unioun net méi ewechgehäit oder zerstéiert ginn. Dat seet een neit EU-Gesetz iwwert deem seng grouss Linnen sech d'Memberlänner vun der Europäescher Unioun eens gi sinn.
D'Reglement soll Mindest-Standarde festleeë fir d'Haltbarkeet, den Energieverbrauch an d'Méiglechkeet ze reparéiere vu Produiten, déi an der EU um Marché sinn. Lëtzebuerg wier fir déi nei Reegelen, sot zu Bréissel de Wirtschaftsminister Fayot. Verschidde Länner hu Bedenken, datt kleng a mëttel Entreprisë kéinten Nodeeler hunn.