arrow_back_ios
Europa Aktuell
Klimaziler: Éisträich ass wäit hannendran
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
D' EU huet sech viru bal zwee Joer als Zil gesat, bis 2050 klimaneutral ze sinn. Als Tëschenetapp sollen d'Länner bis 2030 hir Emissiounen em 55% par Rapport zum Stand vun 1990 reduzéieren.
Eng ganz Partie vun hinne sinn do hannendran. Dorënner och Éisträich, wéi ee Rapport vum Ëmweltministère weist. Et gëtt erwaart, dass Éisträich déi Tëschenetapp réischt 20 Joer méi spéit, also 2050 areecht.