Europa Aktuell
EU-Erweiderung: Neien Elan duerch de Krich?
4 min
45 Staats- a Regierungscheffe ware gëschter a Moldawien um Sommet vun där sou genannter "Europäescher Politescher Communautéit" beieneen. Et ass eréischt deen zweete Sommet vun där Communautéit, zu där knapps 50 Länner gehéieren, ënnert deenen net jiddereen enger Meenung ass.
Gëscht goung et an éischter Linn drëms, ee klore Message géint de russesche Krich an der Ukrain op Moskau ze schécken. De Krich schéngt iwwerdeems de Besoin vun de politesche Leaderen, an esou engem méi labbere Format mateneen ze schwätzen, méi grouss gemaach ze hunn. Zum Beispill och doriwwer, wien eventuell prett ass, Member vun der Europäescher Unioun ze ginn.