Europa Aktuell
EU-Asyl-Accord: Zerräissprouw bei den däitsche Gréngen
5 min
Duerchbroch oder Desaster? D'Meenungen iwwer den Accord iwwer déi europäesch Asylpolitik, deen déi 27 EU-Länner déi lescht Woch fonnt haten, gi wäit auserneen.
Déi eng feieren een historesche Moment als Enn vun engem jorelaange Sträit ënner de 27 EU-Länner. Déi aner schwätze vun engem onmënschlechen Accord, deen dofir suerge wäert, datt Flüchtlingscampen op de Grenzen opgeriicht ginn op Käschte vun de Mënscherechter.
Ëmstridden ass virun allem d'Aféiere vu feste Strukturen op den EU-Baussegrenzen, an deenen eng Partie vun den Refugiéen agespaart géife ginn, fir da rapid Asyl-Prozeduren ze duerchlafen.
D'Danièle Weber informéiert.