Europa Aktuell
EU-Naturschutz-Gesetz op der Kipp
5 min
Den europäesche Green Deal, e Pak vu verschiddene Mesuren a Gesetzer fir de Klimaschutz, ass ënner Beschoss. Haut (15.6.) gëtt an der Ëmweltkommissioun vum Europaparlament iwwer ee wichtegen Deel vun deem Pak ofgestëmmt - ee Gesetz, fir d'Natur ze restauréieren, bei deem et ënner anerem drëm geet ze verhënneren, datt an Europa ëmmer méi Déieren a Planzenaarte verschwannen.
Déi konservativ Parteien am Parlament wëllen dat Gesetz stoppen - déi Gréng an d'Sozialisten par conter kämpfen dofir, datt et op de Wee bruecht gëtt.
D'Danièle Weber mat den Erklärungen