Kultur um 5
Kultur um 5
56 min
Zanter gutt zwee Joerzéngten ass d'Judith Hermann eng fest Gréisst an der däitscher Literaturzeen. Opmierksamkeet krut si mat hire Kuerzgeschichten a virun zwee Joer huet si mam Roman "Daheim" e Bestseller gelant. Viru Kuerzem huet d'Schrëftstellerin eng Serie vun autobiographesche Konferenzen ënner dem Titel "Wir hätten uns alles gesagt" verëffentlecht. Op der Leipziger Buchmesse Enn Abrëll konnt sech de Michel Delage mat der Judith Hermann ënnerhalen.
Dann ass nach déi Lëtzebuerger Formatioun No Metal In This Battle bei eis am Studio. Mir ënnerhalen eis mat hinnen iwwer déi nei Singelen.