Europa Aktuell
EU-Naturschutzgesetz: Géigner wannen eng Tëschenetapp
5 min
Am Europaparlament huet sech gëschter ee Walkrimi ofgespillt, wéi an der Ëmweltkommissioun iwwer dat neit europäescht Naturschutzgesetz ofgestëmmt gouf. Géint dee Projet si virun allem d'Vertrieder vun der Europäescher Vollekspartei Stuerm gelaf. Mam Argument, e géif op Käschte vun de Baueren an der Liewensmëttelsécherheet goen.
Op där anerer Säit stinn déi, déi soen, d'Gesetz géif dréngend gebraucht, fir datt sech d'Natur erhuele kann a fir dem Massestierwen vu Planzen- an Déierenaarten entgéint ze wierken.
D'Danièle Weber informéiert doriwwer, wéi et elo virugeet mat deem ëmstriddene Gesetz.