Europa Aktuell
Spuenesch EU-Presidence matten am Walkampf
4 min
Zanter dem Weekend huet Spuenien d'Presidence vun der Europäescher Unioun iwwerholl. Déi Tâche wiesselt all sechs Méint - d'Land, dat dann um Rudder ass, ass responsabel dofir d'Reunioune vun de Ministeren op europäeschem Niveau ze organiséieren. Et huet domat duerchaus eng wichteg strategesch Roll ze spillen.
Wat dës Kéier kéint kriddeleg ginn, ass, datt direkt um Ufank vun där Presidence, Walen a Spuenien sinn. An et ass net ganz onwarscheinlech, datt duerno eng aner, eng riets-konservativ Regierung zu Madrid iwwerhëlt.
Zu Bréissel ass een dowéinst liicht nervös - a vun do mellt sech d'Danièle Weber.