Europa Aktuell
Schottland: Gerechtegkeet fir Hexen
4 min
A Schottland si Mythen a Legenden zanter laanger Zäit vu grousser Wichtegkeet. Dorënner fënnt een och där iwwer Hexen. Haut zéien hir Geschichten, nieft de pittoreske Landschaften a Schottland, eng Hellewull Touristen un. Mee d'Erzielungen ronderëm déi Fraen - a Männer - liewen de Moment och aus engem anere Grond op: zu Dausende goufe si tëschent dem 16. an dem 18. Joerhonnert a Schottland ëmbruecht. Zu Edinburgh gëtt am Kader vun enger Campagne op enger Rei Plazen u si erënnert. Et geet och ëm Gerechtegkeet.
D'Elodie Goulesque mat engem Reportage